Imprimer cette page Envoyer à un ami

Actualités

Sep 02

Eis Blesséierter

Kevin Martin

Den Kevin hat sech lescht Woch um Training blesséiert. Heen huet een Urass vum Säitenband. Prognose: 3-6 Wochen out.

Mickael Leoni

De nächsten Méinden kritt den Mickael eng IRM gemeet an wéi ëtt ausgesäit wäerten ëtt bei him Säitenbänner sinn déi verletzt sin. Prognose: keng

Stéphane Piron

Den Stéphane hat sech blesséiert um Training, wou heen eng gréisser Verstauchung dovun gedroen huet. Haut Donneschden fänkt de Stéphane erëm un mat lofen. Prognose: 1-2 Wochen

Clayton De Sousa

Den Clayton hat eng  Verletzung dovun gedroen am Match zu Péiteng. Heen leeft awer schon zënter een puer Deeg erëm um Training an dat nach dës ganz Woch. Den nächsten Méinden partizipéiert den Clayton dann erëm voll am Training. Prognose: 06.09.10 OK

Sep 02

Exploit vum Mandy Minella bei den US Open

D'Jeunesse felicitéiert dem Mandy Minella fir seng super Performance déi hat am Moment bei den US OPEN 2010 zu New York brengt. An der 1schter Ronn Polona Hercog geschloen an der 2ter Ronn Zwetena Pironkowa mat 6:4 / 6:0 geschloen. Dat verdéngt Respekt an deen wëllen mär heimat ausdrécken, well fir esou eng Leeschtung ze bréngen  muss een vill Aarbecht dran stiechen. Mandy weider esou an bonne Chance am 3ten Tour wou ëtt dann géint Venus Williams geet.

Mär hoffen d'Mandy als Escherin an Jeunesse-Supporterin geschwënn erëm op der Grenz kënnen ze begréissen zesummen mat sengem Papp dem Mario an sengem Bopa Carlo déi keen Match vun der Jeunesse verpassen, op hei heem oder auswäerts!

Den Conseil d‘Administration vun der Jeunesse.

Aug 29

Championnat 4e journée

Jeunesse Esch - RM Hamm Benfica  2 - 1  (0-0)

Stade de la Frontière

Buts: 1-0 (54' Keiven), 2-0 (72' Fullenwarth), 2-1 (84')

Jeunesse: Oberweis, Collette, Fullenwarth (80' F. Leweck), Portier, Peters, Hoffmann, C. Leweck, Cantonnet (85' Deidda), Servais, Rodriguez (46' Keiven), Pupovac

Carton Jaune: Peters

Aug 22

Championnat 3e journée

CS Pétange - Jeunesse Esch 1 - 1  (0-1)

Stade de Pétange, 1.000 spectateurs

Buts: 0-1 (21' Fullenwarth), 1-1 (65')

Jeunesse: Oberweis, Collette, Peters, Hoffmann, Fullenwarth, De Sousa Moreira, Cantonnet (86' Piron), Martin, Servais, Rodriguez (76' Deidda), Pupovac

Carton Jaune: Servais, De Sousa Moreira, Hoffmann, Collette

Aug 15

Championnat 2e journée

Jeunesse Esch - Etzella Ettelbruck  0 - 1  (0-1)

Stade de la Frontière, 1.020 spectateurs

Buts: 0-1 (45')

Jeunesse: Oberweis, Collette, Peters, Hoffmann, C. Leweck, Cantonnet (60' De Sousa Moreira), Martin (62' Keiven), Servais, Rodriguez, Piron (46' F. Leweck), Pupovac

Carton Jaune: Servais